TopPodcast.com
Menu
  • Home
  • Top Charts
  • Top Networks
  • Top Apps
  • Top Independents
  • Top Podfluencers
  • Top Picks
    • Top Business Podcasts
    • Top True Crime Podcasts
    • Top Finance Podcasts
    • Top Comedy Podcasts
    • Top Music Podcasts
    • Top Womens Podcasts
    • Top Kids Podcasts
    • Top Sports Podcasts
    • Top News Podcasts
    • Top Tech Podcasts
    • Top Crypto Podcasts
    • Top Entrepreneurial Podcasts
    • Top Fantasy Sports Podcasts
    • Top Political Podcasts
    • Top Science Podcasts
    • Top Self Help Podcasts
    • Top Sports Betting Podcasts
    • Top Stocks Podcasts
  • Podcast News
  • About Us
  • Podcast Advertising
  • Contact
Not in our directory?
Add Show Here
Podcast Equipment
Center

toppodcastlogoOur TOPPODCAST Picks

  • Comedy
  • Crypto
  • Sports
  • News
  • Politics
  • True Crime
  • Business
  • Finance

Follow Us

toppodcastlogoStay Connected

    View Top 200 Chart
    Back to Rankings Page
    Science & Medicine

    PISA de Wëssensmagazin

    Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

    Advertise

    Copyright: © RTL

    • Apple Podcasts
    • Google Play
    • Spotify

    Latest Episodes:
    Zauberwelt Luucht, 21/01/2018 Jan 21, 2018
    Show notes

    Luucht-Experimenter déi een un d’Staune bréngen a wéi d’Liicht eise Kierper positiv an negativ beaflosse kann.
    Ouni Luucht, kee Liewen. Grad elo an der däischterer Zäit vum Joer brénge mir am Pisa e bësse Liicht an den Alldag. Weise wéi verschidde Raim ganz anescht wierken, jee nodeem wéi se beliicht sinn. A wéi eng Beliichtungsfeeler een net maache soll. Ze vill Luucht ass och net gutt. Duerch Liichtverschmotzung gëtt den Himmel Nuets ëmmer méi hell. Mir kucken wéi dorënner net just Planzen an Déiere leiden, mee och mir Mënschen. A wat se an der Stad Lëtzebuerg géint Liichtverschmotzung ënnerhuelen. An da maachen den Olivier Catani a Mister Science puer Luucht-Experimenter. Si loossen d’Waasser de biergop lafen. Maachen eng “geféierlech” Blacklight-Show. An de Joseph projezéiert sech als Hologramm a Liewensgréisst.


    Chantier 3.0, 26/11/2017 Nov 26, 2017
    Show notes

    Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir bauen verännere wäert.
    Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur s-Büro kontrolléieren op d’Attachen wou d’Tam-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser Scanner. Am Pisa “Chantier 3.0.” weise mer déi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger Drone kann een och ganz Lotissementer einfach vermoossen. Mir erklären wat un dëser Technik speziell ass. Gesinn wéi Bauaarbechter op engem virtuelle Chantier op potentiell Geforen opmierksam gemaach ginn a froen no wéi realistesch et ass, datt eis Haiser an Zukunft aus engem 3D Printer kommen.


    Schong voller Féiss, 22/10/2017 Oct 22, 2017
    Show notes

    Wéi eng Schong fir eis am beschte sinn a wat eis Féiss sou besonnesch mécht.
    Eist ganzt Gewiicht an alles wat mir droen, laascht op eise Féiss a Schong. Am Pisa weise mir wéi mer duerch e perfekt Zesummespillt vun eise Schanken am Fouss stoe bleiwen, wéi d’Féiss sech am Laf vun der Zäit aus Platt- an Huelféiss verwandelen. De Mister Science wëll erausfannen op ee wierklech mat plakege Féiss iwwer Kuele goe kann. Mir maachen e Buerféiss-Trëppeltour duerch de Bësch, froe beim Orthopäd op et de perfekte Schong iwwerhaapt gëtt a firwat mer alleguer net genuch buerféiss ginn.


    Pedalo Challenge, 24/09/2017 Sep 24, 2017
    Show notes

    Mam selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel!
    Wéi all Summer stellen sech den Olivier Catani a Mister Science och dëst Joer erëm engem Challenge. Dëst Joer wëlle si mat engem selwer gebaute Pedalo iwwer d’Musel fueren. 36 Kilometer. An engem Dag. Mat zwou Schleisen. A ganz no laanscht déi grouss Frachtschëffer. Si moossen och wéi propper oder knaschteg d’Musel ass. Wat alles muss gemaach ginn, datt d’Waasser fir d’Schëffer ëmmer déif genuch ass. Wéini d’Musel fir d’lescht ganz zougefruer war. A wéi e risege Bagger de Muselsand aus dem Buedem hëlt.


    200 Joer Vëlo, 02/07/2017 Jul 02, 2017
    Show notes

    Geschicht, Mechanik an d’Grenzerfahrung Tour de France.
    Den Tour de France ass eent vun de gréisste Sportsevenementer op der Welt. Dëst Joer kënnt den Tour och erëm op Lëtzebuerg. Am Pisa kucken mir hannert déi sportlech Kulissen. Vergläichen d’Leeschtung vum Profi mam Amateur. Kucken wéi vill a wat d’Cyclisten op sou ustrengenden Deeg iesse mussen. A wéi d’Technik vun de Vëloen sech iwwer d’Jorzéngten verbessert huet. Am Musée du Cycle zu Weyler bei Arel reese mer duerch déi 200 Joer al Geschicht vum Vëlo. Fuere mat engem original Tour de France Vëlo vun 1937. An de Mister Science pedalléiert am Héichseelgaart iwwert e stole Seel.


    Séisst Gold vun der Natur, 11/06/2017 Jun 11, 2017
    Show notes

    Wéi d’Beien Hunneg maachen a wat se zu Lëtzebuerg géint d’Varrao-Milb ënnerhuelen.
    Et si mat déi faszinant s Liewewiesen déi et ginn. D’Beie produzéieren awer net just Hunneg. Si bestäuben och d’Planzen. A vill vun deem wat mir iessen géif et ouni d’Bestäubung vun de Beien net ginn. Am Pisa gi mer méi gewuer iwwert des faszinant Déieren. Wéi se liewen, firwat se fir d’Mënschen sou wichteg sinn a wéi Beie geziicht ginn, déi resistent sinn géint déi fir d’Beien sou geféierlech Varroa-Milb.


    Kajak-Challenge, 14/05/2017 May 14, 2017
    Show notes

    Emol queesch duerch d’Land. Mam Kajak iwwer d’Sauer. Vu Maartel eriwwer op Rouspert.
    Dem Olivier Catani an de Mister Science wëllen déi 108 Kilometer an dräi Deeg packen. Am éischte Pisa vun der neier Saison huelen si Iech mat op eng eemoleg Expeditioun. Et geet ënner ëmgefale Beem erduerch. Ganz no laanscht pickegen Drot. An eng Dose geféierlech Waasserfäll erof. Dobäi erliewe si de Floss aus enger ganzer neier Perspektiv. Kucken wéi propper oder knaschteg eis Gewässer sinn. A fueren duerch dee fuschneie Wëllwaasser-Kanal zu Dikrech.


    Faszinatioun Physik, 30/04/2017 Apr 30, 2017
    Show notes

    Komplizéiert Saachen einfach a witzeg erkläert.
    Et ass e risege Labo. Eng Plaz wou een d’Wëssenschaft upake kann. Am neie Science Center zu Déifferdeng weise mer puer Experimenter. En Zuch deen iwwer d’Schinne schwieft. Eng iwwerraschend optesch Illusioun. An de faradaysche Käfeg, an deem ee viru Blëtzer sécher ass. Da léiere puer Leit kennen déi vum Blëtz getraff goufen a bis haut net wëssen firwat se iwwerlieft hunn. An de Mister Science wëll mat engem Looping am Fliger beweisen datt d’Waasser am Glas bleift, och wann ee sech domat op d’Kopp dréint.


    Typesch Mann, Typesch Fraa, 02/04/2017 Apr 02, 2017
    Show notes

    Wéi verschidden déi zwee Geschlechter wierklech sinn!
    Männer si grouss. Fraen méi kleng. Männer si staark. Fraen manner. Mir maache kee Geschlechterkampf. Mir vergläiche just. Kënne Männer wierklech besser a parken? A Fraen méi Peng aushalen? De Mister Science wëll erausfannen ween deen aneren bei Diskussiounen am heefegsten ënnerbrécht. A mir froen no firwat ee seng Kanner net soll nom Motto typesch Jong oder typesch Meedchen erzéien.


    Kee Stress W.E.G., 05/03/2017 Mar 05, 2017
    Show notes

    Wéi ee Stress mat Meditéieren a Selbsthypnose an de Grëff ka kréien.
    Mat Hypnose kann ee säi Kierper a Geescht berouegen. Am Pisa weise mer, wéi ee sech mat Selbsthypnose berouege kann. Kucken op ee säi Stress duerch regelméissegt Meditéieren an de Grëff ka kréien. An de Mister Science versetzt puer Schüler an eng stresseg Situatioun. Hie wëll kucken wat dat bei hinnen ausléist a firwat chronesche Stress schiedlech ass.


    Previous 1 7 8 9 10 Next

    Related Podcasts

    The Joe Rogan Experience

    1

    The Joe Rogan Experience Comedy
    Casefile True Crime

    2

    Casefile True Crime Games & Hobbies
    Invisibilia

    3

    Invisibilia Personal Journals
    Reply All

    4

    Reply All Games & Hobbies
    Science Vs

    5

    Science Vs Science
    Science Friday

    6

    Science Friday Astronomy
    footer-logo

    Contact Us

    Toll Free: 844-670-7747

    Links

    • Home
    • Top Charts
    • Networks
    • Apps
    • Independents Podcasts
    • Podcast Advertising
    • Podcast News
    • Contact Us
    • About Us
    • Analytics & Insights

    Stay Connected

      Privacy, Terms of Use & Our Code of Ethics Protecting Content Creators Copyrights