TopPodcast.com
Menu
  • Home
  • Top Charts
  • Top Networks
  • Top Apps
  • Top Independents
  • Top Podfluencers
  • Top Picks
    • Top Business Podcasts
    • Top True Crime Podcasts
    • Top Finance Podcasts
    • Top Comedy Podcasts
    • Top Music Podcasts
    • Top Womens Podcasts
    • Top Kids Podcasts
    • Top Sports Podcasts
    • Top News Podcasts
    • Top Tech Podcasts
    • Top Crypto Podcasts
    • Top Entrepreneurial Podcasts
    • Top Fantasy Sports Podcasts
    • Top Political Podcasts
    • Top Science Podcasts
    • Top Self Help Podcasts
    • Top Sports Betting Podcasts
    • Top Stocks Podcasts
  • Podcast News
  • About Us
  • Podcast Advertising
  • Contact
Not in our directory?
Add Show Here
Podcast Equipment
Center

toppodcastlogoOur TOPPODCAST Picks

  • Comedy
  • Crypto
  • Sports
  • News
  • Politics
  • True Crime
  • Business
  • Finance

Follow Us

toppodcastlogoStay Connected

    View Top 200 Chart
    Back to Rankings Page
    Science & Medicine

    PISA de Wëssensmagazin

    Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

    Advertise

    Copyright: © RTL

    • Apple Podcasts
    • Google Play
    • Spotify

    Latest Episodes:
    Pimp my Food, 08/01/2017 Jan 08, 2017
    Show notes

    Tricken vun der Liewensmëttelindustrie.
    Brout baken ass kannerliicht. Am Fong brauch ee just Miel, Salz, Hief a Waasser. Oder? Mir maachen den Test beim Bäcker a froen no mat wéi engen Zousätz ee beim Broutbake fuddelen kann. De Mister Science pecht aus puer Stécker einfachem Fleesch en zaarte Steak zesummen. Mir fannen Eisestëbs an de Kornflakes. An de Paräiser Chemiker Hervé This demonstréiert eis seng Cuisine Note à Note.


    Geheimnisvolle Biergbau, 27/11/2016 Nov 27, 2016
    Show notes

    Vum ale Kofferschatz zu Stolzebuerg iwwer vergiesse Dolomit-Galerien op der Musel bis bei de moderne Space Mining.
    Space Mining ass zanter puer Méint dat Thema an der lëtzebuerger Économie. Wéi eng Space Mining Entreprisen komme bei eis an d’Land? Wat maachen si hei? A wéi realistesch ass Space Mining iwwerhaapt? Se si bal 8 Meter héich a gi wäit iwwer 100 Meter déif an de Bierg eran. Déi verloossen Dolomit-Minière op der Musel. Wéi laang gouf heinidde geschafft a wéi einfach kann ee sech haut nach dobanne verlafen? De Mister Science mécht Phytomining. An op der Siche nom Kofferschatz vu Stolzebuerg erziele mer d’Geschicht vun den zwee Daucher déi an der Minn hiert Liewe riskéiert hunn.


    Öko-Logesch, 23/10/2016 Oct 23, 2016
    Show notes

    Wéi eisen Alldag sech an Zukunft kéint veränneren a méi ökologesch ginn.
    Ëmmer méi grouss Wandrieder produzéieren ëmmer méi Stroum. De Marché vun den Elektrovëloen boomt. Bei automatesche Lüftungsanlagen ass séier eppes falsch ugeschloss. A geschwënn wäerte mer eis Wäschmaschinn net méi kafen mee nach just léinen. An dësem Pisa weise mir wéi eisen Alldag méi ökologesch ka ginn. Kucken wéini en Elektrovëlo eng seriös Alternative fir den Auto ass. Op wat ee bei der Installatioun an dem Gebrauch vu Lüftungsanlagen oppasse muss. A mir klammen op déi héchste Wandrieder erop.


    Kläranlag Mënsch, 03/07/2016 Jul 03, 2016
    Show notes

    Jidderee huet eng, mee kee schwätzt immens gär driwwer: d’Verdauung.
    Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am beschten vun enger Sténk-Wollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterien laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. Fuerscher experimentéieren mat engem kënschtlechen Daarm fir erauszefannen wéi Krankheeten an eisem Daarm kënnen entstoen. An de Mister Science wëll d’Exkrementer zu Gold maachen.


    PISA - SUPER-SCHLAU DÉIEREN!, 19/06/2016 Jun 19, 2016
    Show notes

    Vill Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt.
    Déieren fille keng Emotiounen a kënne keng Problemer léisen. Déi Erkenntnis ass scho laang widderluecht. Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt. E Reiher zum Beispill benotzt Brout als Köder fir e Fësch ze fänken! Papageien léisen eng Aufgab un där souguer kleng Kanner sech d’Zänn ausbäissen. An et gëtt ee Schimpans dee kann eppes dat fir eis onméiglech ass.


    Faszinatioun Schrëft, 05/06/2016 Jun 05, 2016
    Show notes

    Kee schreift wéi deen aneren a mir schreiwen ëmmer manner.
    Egal op schéin oder gekrozelt. Jiddereen huet eng aner Schrëft. An de Schrëft-Expert erkennt all klengen Detail an de Buschtawen. Am Pisa weist hien eis wéi e Fälschungen enttarnt. A wéi ee seng Ënnerschrëft maache soll, datt keen aneren se nomaache kann. An ëmmer méi Lycéeën am Land schreiwen d’Schüler ëmmer méi um Tablet. Mécht dat iwwerhaapt Sënn a wéi verhält ee d’Saache besser. Mat Schreiwen oder Tippen? An de Grafiker weist eis wéi een eng nei Schrëft kreéiert a wéi déi verschidde Schrëften eis an der Pub beaflossen.


    D'Wourecht iwwert Fett, 01/05/2016 May 01, 2016
    Show notes

    Fett mécht fett! Mee stëmmt dat wierklech?
    D’Nathalie Meier huet seng Ernährung vu Kuelenhydrater op Fett ëmgestallt. An esou bal 30 Kilo ofgeholl. Wéi huet et dat fäerdeg bruecht? Wéi eng Fetter si gesond? A wéi eng ongesond? De Mister Science erkläert firwat ee verschidden Uelecher net erhëtzen däerf. A mir wéi ee Sport ee maache soll wann ee méiglechst vill Fett verbrenne wëll.


    PISA - RITTER-EXPERIMENT!, 03/04/2016 Apr 03, 2016
    Show notes

    Reiden! Kämpfen! Iwwerliewen! Den Olivier Catani a Mister Science op enger spannender Aventure duerch d'Mëttelalter.
    Mir weise mat nogestallten Szenen wéi d’Leit deemools gelieft hunn. Erzielen d’Geschicht vum mysteriéise Yolanda vu Veinen, déi eis verréit wéi eng Sprooch déi Zäit bei eis geschwat gouf. An de Mister Science an den Olivier Catani musse puer Ritter-Prüfunge packen: vum Duell um Reit-Turnéier iwwer eng spirituell Nuecht an der Kapell bis bei de brutale Schwäertkampf am Ritter-Trainingslager.


    Eng Welt a Beweegung, 06/03/2016 Mar 06, 2016
    Show notes

    Ëmmer, alles, iwwerall – déi perfekt Logistik mécht et méiglech.
    Et ass aktuell dee gréissten Eenzel-Chantier am Land. Um Eurohub Sud zu Beetebuerg entsteet en neie groussen Logistik-Park? Wéi eng Wueren ginn haut schonn iwwer Lëtzebuerg transportéiert? Iwwert wéi eng Weeër ginn d’Saachen vun A op B bruecht? A wéi eng Leit schaffen an der Logistik-Branche? Mat engem speziellen Dësch kann ee Weeër fannen wéi een eis Stadskären vum villen Camionsverkéier entlaaschte kann! Mir kucken hanner d’Kulissen vun der Logistik am Online-Shopping. An de Mister Science mécht eng Course géint e professionelle Livreur.


    Mysterium Vitaminnen, 31/01/2016 Jan 31, 2016
    Show notes

    Firwat kéinte mir ouni Vitaminnen net iwwerliewen a si Vitamin-Pëllen wierklech néideg?
    http://www.rtl.lu/lifestyle/people/992396.html
    Wann et kal dobaussen ass an d’Sonn net dacks um Himmel steet. Da fille vill Leit sech schwaach a boosten hir Gesondheet mat Vitaminnen. Am Pisa weise mer firwat eise Kierper Vitaminne brauch, op Vitamin-Pëllen wierklech eppes bréngen an op lo am Wanter wierklech jidderee muss Vitamin D huelen. Den Dante mécht fir eis de grousse Vitamin-Check. Wat muss een iessen, datt ee genuch Vitaminne kritt? An de Mister Science wëll erausfannen op wat een an der Kichen oppassen muss datt een d’Vitaminnen net futti kacht.


    Previous 1 8 9 10

    Related Podcasts

    The Joe Rogan Experience

    1

    The Joe Rogan Experience Comedy
    Casefile True Crime

    2

    Casefile True Crime Games & Hobbies
    Invisibilia

    3

    Invisibilia Personal Journals
    Reply All

    4

    Reply All Games & Hobbies
    Science Vs

    5

    Science Vs Science
    Science Friday

    6

    Science Friday Astronomy
    footer-logo

    Contact Us

    Toll Free: 844-670-7747

    Links

    • Home
    • Top Charts
    • Networks
    • Apps
    • Independents Podcasts
    • Podcast Advertising
    • Podcast News
    • Contact Us
    • About Us
    • Analytics & Insights

    Stay Connected

      Privacy, Terms of Use & Our Code of Ethics Protecting Content Creators Copyrights