TopPodcast.com
Menu
  • Home
  • Top Charts
  • Top Networks
  • Top Apps
  • Top Independents
  • Top Podfluencers
  • Top Picks
    • Top Business Podcasts
    • Top True Crime Podcasts
    • Top Finance Podcasts
    • Top Comedy Podcasts
    • Top Music Podcasts
    • Top Womens Podcasts
    • Top Kids Podcasts
    • Top Sports Podcasts
    • Top News Podcasts
    • Top Tech Podcasts
    • Top Crypto Podcasts
    • Top Entrepreneurial Podcasts
    • Top Fantasy Sports Podcasts
    • Top Political Podcasts
    • Top Science Podcasts
    • Top Self Help Podcasts
    • Top Sports Betting Podcasts
    • Top Stocks Podcasts
  • Podcast News
  • About Us
  • Podcast Advertising
  • Contact
Not in our directory?
Add Show Here
Podcast Equipment
Center

toppodcastlogoOur TOPPODCAST Picks

  • Comedy
  • Crypto
  • Sports
  • News
  • Politics
  • True Crime
  • Business
  • Finance

Follow Us

toppodcastlogoStay Connected

    View Top 200 Chart
    Back to Rankings Page
    Science & Medicine

    PISA de Wëssensmagazin

    Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

    Advertise

    Copyright: © RTL

    • Apple Podcasts
    • Google Play
    • Spotify

    Latest Episodes:
    Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 29/10/2023 Oct 29, 2023
    Show notes

    D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg
    Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.


    100 Gemengen a 24 Stonnen, 01/10/2023 Oct 01, 2023
    Show notes

    Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg
    Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d’Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den ëffentlechen Transport ze optimiséieren.


    Revolutioun zu Lëtzebuerg, 02/07/2023 Jul 02, 2023
    Show notes

    Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun
    1848 erkämpfen d’Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.


    Wäertvollt Waasser, 04/06/2023 Jun 04, 2023
    Show notes

    Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer.
    De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D’Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d’Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d’Krunnewaasser mat enger intelligenter Steierung am Land verdeelt gëtt. A maachen eis op eng spannend Sich no de Plazen wou d’Leit virun iwwer Joer 100 hiert Drénkwaasser hir kruten.


    Traffic-Stress, nee Merci!, 07/05/2023 May 07, 2023
    Show notes

    Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren.
    Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwat mer hannert dem Steier gär mol extrem fluchen. Gesinn wéi eisen Autobunns-Reseau iwwert déi lescht Joerzéngte gewuess ass. An de Mister Science weist an engem spektakulären Experiment wéi déi sougenannt Nids de poule an de Stroossen entstinn.


    Mënschen a Kënschtlech Intelligenz, 16/04/2023 Apr 16, 2023
    Show notes

    Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann
    Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGPT op der Aarbecht Zäit spuert. D’Intelligenz vum Chatbot engem awer och Angscht maache kann. Wou Kënschtlech Intelligenz eis eventuell schueden awer och nëtze kann.


    Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 12/03/2023 Mar 12, 2023
    Show notes

    D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg
    Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.


    Plastik – Fluch oder Seegen?, 05/02/2023 Feb 05, 2023
    Show notes

    Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn
    E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d’Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen a Fueskostümer op geféierlech Substanzen. An erkläre wou de Mikroplastik hir kënnt an op en da lo geféierlech fir de Mënsch ass oder net.


    Al sinn, jonk bleiwen!, 15/01/2023 Jan 15, 2023
    Show notes

    Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann
    Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d’Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehier duerch Sport an aner Aktivitéite laang fit kann halen.


    Ëmmer genuch Stroum, 27/11/2022 Nov 27, 2022
    Show notes

    Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann
    Mir maachen eis op d’Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d’Chrëschtbeliichtung oder awer d’Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d’Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Daach vun engem Haus Solarzelle gesinn, déi een op den éischte Bléck guer net gesäit. A Fuerscher op der uni.lu entwéckele d’Solarzelle vun der Zukunft. Kleng, faarweg an héich effizient.


    Previous 1 2 3 4 5 10 Next

    Related Podcasts

    The Joe Rogan Experience

    1

    The Joe Rogan Experience Comedy
    Casefile True Crime

    2

    Casefile True Crime Games & Hobbies
    Invisibilia

    3

    Invisibilia Personal Journals
    Reply All

    4

    Reply All Games & Hobbies
    Science Vs

    5

    Science Vs Science
    Science Friday

    6

    Science Friday Astronomy
    footer-logo

    Contact Us

    Toll Free: 844-670-7747

    Links

    • Home
    • Top Charts
    • Networks
    • Apps
    • Independents Podcasts
    • Podcast Advertising
    • Podcast News
    • Contact Us
    • About Us
    • Analytics & Insights

    Stay Connected

      Privacy, Terms of Use & Our Code of Ethics Protecting Content Creators Copyrights